Den AT Suessem invitéiert äerch ganz häerzlech op den 3. Sam-Cup vum 27.-28. Mee 2017 zu Bieles um Gaalgenbierg.
D’Startgebühr ass 10 Euro pro Dag
Däer kënnt äer Bicher vun 7 Auer un ofginn, mäer fänken um 7:30 Auer un. D’Präisiwwerreeschung ass fir 18 Auer virgesinn.
Samschdes Owes 27/05
Grouss Spagetti's Iessen
no dem sportlechen Oflaaf gëtt an gemittlecher Gesellegkeet am Zelt, en
"all you can eat" Spagetti's Iessen
servéiert. (Et gëtt och eng vegetaresch Variante offréiert)
den Präis beleeft sech op 10 €, an dat fir souvill der packt oder sou laang wéi eppes do ass , den Kaffi ass inklusiv!
Weg mellt iech virdrun bei eis iwwer E-mail un ënnert atsuessem@hotmail.com
Zäitplang
Starterlëschten
Weider Informatiounen
Camper:
Fir déi wou mam Camper erop kommen nach d'Info, dass däer Freides ab 5 Auer kënnt op de Gaalgebierg kommen (virdrun däerfe mäer d'Barriere net opmaachen!).Dat gëllt och fir all déi wou schons Freides hier Zelter wëllen opriichten kommen.
Kommentar schreiben