Virun der Kulliss vum Suessemer Schlass wor de Weekend vum 26. an 27. Mee 2018
den 4. Sam-Cup.
Bei guddem Wieder an enger lëschteger Gesellschaft wor ab Samschden Moien 8 Auer eng méi lass am ale Schlassgaart. Eng hälle Wull vu Muppen an hir Meeschteren(innen) sinn, zum Deel aus hiren Autoen, déi aner aus hire Camperen, Roulotten, an och Zelter geklommen a bei den Terrain komm fir de Startschoss vum 4. Sam-Cup mat ze erliewen.
An enger lëschteger, sportlecher Atmosphär sinn dunn, déi zwee Deeg laang, Agility an Jumping Parcourer vun den Agilisten mat hiren Hënn gelaf ginn, déi vun den Supporteren vun de verschiddene Veräiner ugefeiert gi sinn.
D'Gewënnerin vum
4. Sam-Cup
ass:
Corinne Ravarani
mam
HUGO
HF Péiteng
E grousse Merci un all eis Memberen, déi de ganze Weekend immens äerdeg geschafft hunn, an ouni déi dëst Turnéier net hätt kënnen sou iwwert Bühn goen.
Och un d'Gemeng Suessem, fir d' Autorisatioun, dass mir konnten op dësem wonnerbare Site eist Turnéier ofhalen, gëllt e grousse Merci. Net ze vergiessen all eis Sponsoren.
Den AT Suessem invitéiert äerch ganz häerzlech op den 4. Sam-Cup vum 26. bis den 27. Mee 2018, dëst Joer zu Suessem am Park beim Schlass.